Op ma(k)edra wiesselen

Offerten mimamu/ma(k)edra


And Action

FullSizeRender.jpeg

Den And Action erméiglecht iech mat ärer Klass eng Filmproduktioun oder e Videoclip ze realiséieren
a d'Schüler/inne virun der Kamera an Aktioun ze gesinn.

Mat And Action léieren d’Kanner schauspillen, Zeene gestalten, Storyboard zeechnen, mat der Kamera filmen,
Dialoge schreiwen, sangen, musizéieren, Film-Sounds selwer produzéieren  a villes méi…
Zesumme mat mimamu-makedra gestallten a produzéieren d’Kanner hiren eegene Film oder Clip.

Den Zäitraum vum Projet an d’Zuel vun den Interventiounen  gi sur mesure zesumme mam Enseignant(e) de classe definéiert.
mimamu-makedra iwwerhëllt d’Postproduktioun vum jeeweilege Projet.

Fir Froen a weider Infoen kënnt dir iech gär iwwer "Kontakt" mellen.


A Play in a Day


Hei gesitt dir en teaser vum Play in a Day

image.jpeg

Leider ass dëse Projet wéinst der aktueller Situatioun net méiglech.
Mir hoffen datt de Play in a Day noi der rentrée 21/22 rëm ka stattfannen.

Den a Play in a Day erméiglecht een Theater/Musek-Optrëtt, deen innerhalb vun engem Dag entwéckelt, geprouft a viru Publikum gewise gëtt.

mimamu-makedra bidden déi artistesch Elementer, déi noutwendeg si fir d’Kreatioun vun dësem Spektakel.

Zum Beispill: Musek, Lidder, dramatesch Sprooch, Kierpersprooch, Impro,…

Konkret besteet déi Offer aus:

Fir Froen a weider Infoen kënnt dir iech gär iwwer "Kontakt" mellen.

Record a Video Day

Foto_Site_Record_a_Video_Day.png
De Record a Video Day erméiglecht eng Toun a Film Opnam bei iech an der Schoul.
mimamu-makedra encadréiert de Projet vu senger Kreatioun bis hin zum Record a Video Day.
Zum Beispill: Lidd-Opnam als Videoclip, Text-Opnam, „Höhrspiel“-Opnam, …
Fir Froen a weider Infoen kënnt dir iech gär iwwer "Kontakt" mellen.


Hëllefstellung a Begleedung


D’Hëllefstellung kann eng punktuell Offer sinn oder eng Begleedung iwwer een definéirten Zäitraum.
Jee no Demande kann dëst online sinn oder verbonne mat enger Visite an ärer Schoul; am Ufank, während oder um Schluss vun ärem Projet.

mimamu/makedra bidden eng praktesch Hëllef zu hire Materialen, wéi och Hëllef a Begleedung beim Ausschaffe vun ären eegenen Iddien.

Zum Beispill: Playbacks, Partitur, Liddertexter, Theaterstécker, Theaterzeenen, Impro,…
Hëllef beim Aussschaffe vun enger Kreatioun, déi op Theater an/oder Musek baséiert.
Dramatiséierung vun engem Lidd, Vertounung vun enger Geschicht, …






contained Fortschécken