Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op mimamu.lu



Den Internetsite mimamu ass eng Initiativ vum Script, déi virdru vum Inecc (Institut Européen de Chant Choral) als „Musek an der Grondschoul“ initiéiert gouf.

Mimamu setzt sech a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung, an d’Fërderung vu musikalesche Kompetenzen an Erliefnisser an der Schoullandschaft.

Op dëser Säit fannt Dir vill flott Iddie ronderëm d’Musek; sief et a Form vu Materialien oder och a Form vu Projeten, déi uechtert d’Land lafen.

MimaMu - Mir maache Musek


Wat ass mimamu ?


mimamu...


                 ...ass eng Initiativ vum SCRIPT
                 ...fërdert op eng villsäiteg Manéier de Museksunterrecht an de Lëtzebuerger Schoulen.
                 ...bitt Materialien, Atelieren an Hëllefstellung am Beräich Musek an der Schoul.

mimamu riicht sech primär un d’Grondschoulen, woubäi awer och Maison relaisen an aner schoulesch Strukturen heivu profitéiere kënnen.

Nieft enger grousser Datebank mat museksdidakteschem Material bidde mir och d’Méiglechkeet iech bei ärem Museksprojet ze begleeden (an der Klass, cycle-iwwergräifend oder bei engem gréissere Schoulprojet).
D’Konzept vu mimamu soll Méiglechkeeten a Chancë bidden, datt intresséiert Enseignanten alleng, oder an der direkter Zesummenaarbecht mat der mimamu-Ekipp, innovativ Projeten an Aktivitéiten am Beräich vun der musikalescher Bildung ëmsetze kënnen.


Wat ass mimamu net ?


mimamu ass kee ganzheetleche Musekscours fir d’Klass.
mimamu ass och keen integrale Programm, dee vun hanne bis vir soll duerchgeschafft ginn.
D’Equipe vu mimamu ass net do fir reegelméisseg e Musekscours an d’Klass halen ze kommen, mä ënnerstëtzt den Enseignant mat fachlecher Kompetenz.


Fir ween ass mimamu ?


Fir all Enseignanten (an anert schoulecht Personal), mat, a virun allem OUNI musikalesch Virkenntnisser.
Fir all Enseignanten, déi op der Sich sinn no neiem Museksmaterial, no flotten Iddie fir innovativ Projeten, oder awer gären op fachlechen Knowhow zréckgräife wëllen.


Wat bitt mimamu ?


Op mimamu.lu fannt dir:

  • Bekanntes an Onbekanntes, wéi z. B.: selwer ausgeschaffte a komponéiert Museksmaterial wéi Lidder, Léierlidder, Integratiounslidder, Rhythmik, Instrumentespill, Spiller/Beweegungspausen, Boomwhackermaterial, Bodypercussion…
  • didaktescht Material wéi z. B.: Playbacks, Videoen, Nouten, Partituren, Aarbechtsblieder,
  • e Forum fir den Austausch mat der MimaMu-Equipe, mä virun allem fir den Austausch ënnerteneen,
  • eng Sammlung vu Projeten uechtert d’Land, fir op déi ganz divers Aktivitéite vu mimamu hinzeweisen.
  • e Formulaire fir mat der mimamu-Equipe a Kontakt ze trieden an e gemeinsame Projet ze diskutéieren.

Wie mécht mimamu ?


Eis Ekipp besteet aus Enseignanten, Musekspädagogen an enger Danzpädagogin. Fotoe vun de Memeren aus eiser Ekipp gesäis du hei drënner. 
Och Du kanns eis Deng Iddien an Däi Museksmaterial matdeelen, a mir deelen et mat der interesséierte Schoulcommunautéit.
Doriwwer eraus ënnerstëtze mir Dech gär bei denge musikaleschen Aktivitéiten an der Schoul.


Equipe


Bob Minette

coordinateur mimamu

Lynn Berchem

mimamu

Ben Konen

mimamu

Ilenia Zuccoli

mimamu

Nathalie Moyen

mimamu & makedra