Zum Haaptinhalt sprangen

Formatiounen 2024/25





Genee wéi an de leschte Joren och, ass d'Ekipp vu mimamu och an dësem Joer nees fir den IFEN aktiv mat enger Formatioun iwwer Musek an der Schoul am Allgemengen an natierlech de mimamu-Materialien am Speziellen.

Eis Formatioun, déi alleng aus Praxis besteet, soll esou den Enseignanten d'Méiglechkeet ginn onmëttelbar Iddien a Methoden kennen ze léieren an an hirem Cours uwenden ze kënnen.

Dobäi trainéiere mir och grondsätzlech Musekdidaktesch Erugoensweisen, déi d'Astudéiere vun enger Musikalescher Aktivitéit erméiglechen a vereinfachen.