Zum Haaptinhalt sprangen

mimamu op der uni.lu



Gemeinsame Projet mam BEM



Am November an Dezember 2024 war mimamu op der uni.lu op Besuch bei de StudentInne vum BEM (Bachelor en Éducation Musicale). Besonnesch d'Erfarunge vun eiser Ekipp am Beräich vun neier Technologie an der Musekpedagogik hunn de Grupp aus dem 4. Semester interesséiert.
No enger éischter Sessioun an där sech de Projet mimamu seng Materialien virgestallt hutt, war et dunn un de StudentInnen fir mat Ënnerstëtzung a Begleedung vun der Ekipp vu mimamu eegestänneg Aktivitéiten auszeschaffen.
Bei där drëtter a leschter Sessioun goufen déi entwéckelt Aktivitéiten direkt mat enger Schoulklass aus dem C3.2 duerchgefouert an esou wäertvoll praktesch Erfarunge gesammelt.
D'SchülerInnen hate sichtlech Spaass beim Ausprobéieren an och mimamu freet sech iwwer flott nei Iddie vun de StudentInnen.
Fir all Bedeelegt war dës Zesummenaarbecht also eng Beräicherung an en Erfolleg an domat bestëmmt net fir d'lescht.




Dëst ass ee Vimeo Video. Klickt hei, fir Cookien vu Vimeo z'akzeptéieren.