Zum Haaptinhalt sprangen

Eisen Hiphop Song



Atelieren a 5 Schoulen



Fir de Projet "Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja" ass d'Ekipp vu mimamu a verschiddene Schoulen ënnerwee fir zesumme mat de Klassen aus dem Zykel 3 u genee dësem eegenen Hiphop Song ze schaffen.
Nodems d'Klassen hiren eegene Raptext geschriwwen hunn, geet et am Atelier drëm dësen a Musek ëmzesetzen. Fir hiren eegene Beat ze krééieren, léieren d'Schülerinnen als éischt verschiddenes iwwer Rhythmik a Sprooch a kréien Grondlage vum Trommele mat Trommebengelen gewisen. Duerno gëtt da mat Hellef vu Launchpads e ganz eegene Playback krééiert an Opgeholl.
Elo kënnen d'Schülerinnen a Schüler sech ob den nächsten Atelier freeën an dem si d'Nikki Ninja perséinlech kenne léieren an zesumme mat him hiren eegenen Hiphop Song perfektionéieren!




» Fotoen