Zum Haaptinhalt sprangen

schouldoheem - On Air!



2020/21



Am Kader vu Schouldoheem 2021 war mimamu.lu mat enger Rei Live-Videoë bei schouldoheem On Air vertrueden!
An dëse Livestreams duerften d'Schoulkanner am Homeschooling mat bal allem grooven wat si doheem fanne konnten. Mat selwer gebastelte Maracas an anere Rëselen, Schosselen, Fläschen, Tuten a Bodypercussion hu mir zesumme Rhythme geléiert a gespillt.
Wéi mir mat ganz einfache Mëttel Musek komponéiere kënnen hu mir an engem anere Video geléiert.

Am Youtube-Kanal vu Schouldoheem fënns du all d'Live-Videos.

Klick hei ënnen op "Fotoen" fir d'Biller ze gesinn.




» Fotoen