
mimamu Atelieren zu Walfer
Musekscours emol anescht
Am Mäerz war d'Ekipp vu mimamu beim IFEN zu Walfer am Sall "Eduscène" installéiert fir do e bëssi méi aussergewéinlech Museksatelieren ubidden ze kënnen.
Hei gouf getrommelt, dirigéiert an awer och mat ongewéinlechen Instrumenter musizéiert a Musek gelauschtert. D'Klasse waren um Enn all frou de Wee op Walfer op sech geholl ze hunn. Net nëmme si, mee och hir Enseignanten hu vill Neies kennegeléiert a flott Iddie fir déi kommend Museksstonne gesammelt.
» Fotoen