
A play in a day
25.11.2019Mierscher Kulturhaus
Den 22. November war den éischten "A play in a day" am Mierscher Kulturhaus.
Den "A play in a day" ass eng Offerte vu mimamu/makedra, an erméiglecht een Theater/Museks-Optrëtt innerhalb vun engem Dag
D'Equipe mimamu/makedra huet mat 3 Klasse vum C 4.1 aus der Mierscher Grondschoul e ganzen Dag geprouft a geschafft an zesumme mat de Kanner en Theaterstéck kreéiert.
Dëst Theaterstéck huet aus enger Rei Zeene bestan, déi vun de Kanner selwer ausgeduecht si ginn.
Owes um 19.00 war dunn e flotten Optrëtt virun de Kanner hiren Elteren, Enseignant(ë)en an intresséiertem Publikum.
45 Minutte laang hunn d'Kanner hir Theaterzeenen, musikalesch Intermezzoen a Lidder virgedroen, a goufen zum Schluss mat vill Applaus a Standing Ovation fir hire schéinen Optrëtt belount.
E grousse Merci alle Kanner, den Enseignant(ë)en an dem Mierscher Kulturhaus fir dëse schéinen Dag.
(Fotoen: Jeff Elcheroth)
» Fotoen