Zum Haaptinhalt sprangen

Woch vun der Robotik



17. - 20. Oktober 2022



Op der éischter nationaler Robotikwoch vum 17. bis den 20. Oktober 2022 am CNFPC zu Esch war mimamu mat engem villsäitegen Atelier zum Thema Musek a Coding vertrueden. Hei konnten d'SchülerInnen direkt nierft de Kandidate vun der Robotik-Weltmeeschterschaft vu Worldskills selwer am Beräich Roboter a Coding täteg ginn.


Bei mimamu goufen op villfälteg a spilleresch Manéier d'Schnëttstellen tëscht Musek an Theme wéi Programmatioun, Coding a Verbindung mat modernen Instrumenter erliefbar gemaach.

Eng Statioun aus dem Atelier huet sech dobäi méi genee mam Thema "codéiert Melodien" befaasst.
Op Ufro vun de Klassen, déi hei ganz motivéiert geschafft hunn, hu mir d'Materialien aus dësem Atelier elo och online um Site.


Hei fannt dir

e flotte Video iwwer déi spannend Woch an hir Atelieren

och e puer Fotoe vum Atlier vu mimamu:




» Fotoen