Zum Haaptinhalt sprangen

Mir gi Liichten!

02.02.2024

Den 2. Februar ass Liichtmëssdag



Verschidde Lidder fir Liichtmëssdag fannt dir elo am Kannerberäich vu mimamu.lu

Op Liichtmëssdag zéien d'Kanner traditionell mat hire Lampione vun Haus zu Haus. Dobäi sange si de Leit a kréien dofir Séissegkeeten oder och Suen. Dësen urale Lëtzebuerger Brauch huet séng Origine scho bei de Kelten.


All Kand ass demno invitéiert fir den 2. Februar mat Liichten ze goen an dëse schéinen ale Brauch opliewen ze loossen.

Alles wat dir braucht fir dat bekanntst Lidd "Léiwer Herrgottsblieschen", awer och aner Lidder fir Liichtmëssdag ze léieren an ze sange, fannt dir natierlech hei op mimamu.lu.

Hei fannt dir Playbacks an Noute vun dëse Lidder fir doheem oder vläit souguer als Playback op Liichtmëssdag ze notzen.

Liichten_Titelbild.jpg




» Fotoen