Offerten mimamu/ma(k)edra
a Play in a Day
Den a Play in a Day erméiglecht een Theater/Musek-Optrëtt, deen innerhalb vun engem Dag entwéckelt, geprouft a viru Publikum gewise gëtt.
mimamu/ma(k)edra bidden déi artistesch Elementer, déi noutwendeg si fir d’Kreatioun vun dësem Spektakel.
Zum Beispill: Musek, Lidder, dramatesch Sprooch, Kierpersprooch, Impro,…
Konkret besteet déi Offer aus:
- enger artistescher Prise en Charge vun de Kanner vun 8h00 bis ongeféier 20h00.
- ee Spektakel, deen am fréien Owend fir Elteren, Famill a Frënn virgespillt gëtt, an ärer Schoul, engem Festsall oder an engem Kulturhaus an ärer Géigend
- D'Datumer fir de Play in a Day ginn Enn Juli matgedeelt
Bass du motivéiert fir mat eis een Optrëtt an engem Dag ze erliewen? Da fënns du deemnächst hei den Online-Formulaire fir dech unzemellen.
Mir freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht.
Record Day
De Record Day erméiglecht eng Opnam an engem professionellen Tounstudio.
mimamu/ma(k)edra encadréiert de Projet vu senger Kreatioun bis hin zum Record Day.
Zum Beispill: Lidd-Opnam, Text-Opnam, „Höhrspiel“-Opnam, …
Hëllefstellung a Begleedung
D’Hëllefstellung kann eng punktuell Offer sinn oder eng Begleedung iwwer een definéirten Zäitraum.
Jee no Demande kann dëst online sinn oder verbonne mat enger Visite an ärer Schoul; am Ufank, während oder um Schluss vun ärem Projet.
mimamu/ma(k)edra bidden eng praktesch Hëllef zu hire Materialen, wéi och Hëllef a Begleedung beim Ausschaffe vun ären eegenen Iddien.
Zum Beispill: Playbacks, Partitur, Liddertexter, Theaterstécker, Theaterzeenen, Impro,…
Hëllef beim Aussschaffe vun enger Kreatioun, déi op Theater an/oder Musek baséiert.
Dramatiséierung vun engem Lidd, Vertounung vun enger Geschicht, …