Op mimamu wiesselen

Philosophie


» als PDF-Dokument kucken



Allgemeng Offer an Ziler


Ma(k)edra – Maach (k)een Drama proposéiert eng ganzheetlech theaterpädagogesch Iwwerleeung a baséiert sech dobäi op eng progressiv a praxisorientéiert Entwécklung vun Drama-Tools, déi déi sozial, perséinlech an artistesch theaterpädagogesch Kompetenze vum Schüler fërdere wëll.

Dës pädagogesch Approche mat hiren Iddien an Ziler zitt sech als roude Fuedem duerch all d’Theaterfichen an Offeren, déi op dësem Site proposéiert ginn.

D’Material steet am noe Kontakt zu dëser opbauender Approche a ka vum Enseignant entweder ganz strikt oder awer och ganz fräi benotzt ginn.

D’Theaterfichë ginn no Typ an Zykel gewielt a benotzt.

Ma(k)edra organiséiert dës Theaterfichen zousätzlech an dräi Niveauen, mat allkéiers verschiddenen Ziler, Schwéierpunkten an Akzenter. Dës Niveaue sollen als Unhaltspunkt déngen a sinn net onbedéngt vun engem bestëmmten Zykel ofhängeg.

Déi dräi Niveaue si liicht, mëttelschwéier a schwéier a si gréng, orange a rout markéiert.

Den Enseignant ka bei sengem Choix dës Niveaue berücksichtegen, hie muss dozou den Erfarungsstand an de pädagogesche Besoin vun senge Schüler am Beräich vun der Theaterpädagogik aschätzen.

Am Glossaire kann den Enseignant all dës Drama-Tools, déi an den Theaterfichë behandelt ginn, noliesen a fräi opschaffen, widderhuelen a weiderentwéckelen.

Op all Theaterfiche gëtt de Fokus, de Schwéierpunkt, op een oder méi Drama-Tools geluecht. Wat net bedeit, datt net an där selwechter Theateraktivitéit aner Drama-Tools ugedeit an ugestrieft kënne ginn.

Den Enseignant ka fräi wielen, no wéi enge Kriterien hien seng Aktivitéiten auswielt.

Den Enseignant soll all dës Fichë ganz fräi an no senge Besoinen, Contrainten an Ziler notzen a flexibel asetze kënnen an senger ganz individueller Schoullandschaft.

De Schüler soll an jiddwer Fall eng Rei Drama-Tools kënne sammelen iwwer déi fräi gewielten Theaterfichen, fir sou fir all zukünftegen oder och aktuellen Theaterprojet, bei deem hie matwierkt, eppes bäizeléieren.

D’Acquisitioun vun dësen Drama-Tools soll et dem Schüler erlaben, sech e „Fundament“ opzebauen a lues a lues och parallel dozou eng eegen an individuell Theateridentitéit ze entwéckelen, ze festegen an dës ëmmer nees an neie Projeten anzebréngen an auszebauen.

Dëst Fundament (iwwer d’Sammelen an d’Integréiere vun den Drama-Tools) an och dës parallel Entwécklung vun der individueller Theateridentitéit erméiglechen et dem Schüler, op der Bün fräi an oppen all kreative Prozess unzegoen.

De Léierwee soll sech un dësen Drama-Tools orientéieren (mol méi, mol manner), an de Schüler soll ëmmer wëssen, wou hien drun ass. Wéi eng Drama-Tools huet hie bis ewell gesinn? Wéi eng huet hie schonn integréiert? Wéi eng falen him méi schwéier? Bei wéi engen huet hien am meeschte geléiert?

Firwat ass et also sou wichteg, dëst Fundament opzebauen an sech dofir Zäit ze huelen?

Theater ass Konscht. A Konscht ass subjektiv: Et gëtt net nëmmen eng eenzeg „richteg“ Approche an der Theaterkreatioun.

All Enseignant, deen en theaterpädagogesche Projet leet, genau wéi all Realisateur, huet seng Aart a Weis, fir eppes unzegoen, seng Iddien, seng Kreativitéit.

Wann de Schüler als Schauspiller an zéng Stécker, mat zéng verschiddenen Enseignanten oder Realisateure schafft, dann erlieft hien zéng verschidde Mentalitéiten an zéng verschidde kreativ Prozesser. An dës Villfalt ass wichteg an sengem sozialen, perséinlechen an artistesche Parcours.

De Schüler als fräie Createur op der Bün (mat villfälteg asetzbare Schauspilltools) ass a bleift sou de Mëttelpunkt vum Geschéien.

Et rentéiert sech, fir kleng unzefänken. Et soll een sech Zäit ze huelen, fir dëst Fundament opzebauen, och wann déi éischt Theaterproduktiounen duerch dësen Opwand ufanks manner grouss a spektakulär ze si schéngen.

Theater am theaterpädagogesche Kontext ass deemno net eppes, wat ech kann oder net kann. Et ass keng Fro vun Talent hunn an et maachen oder keen Talent hunn an et si loossen. Villméi ass et e Beräich, deen ech mir lues a lues uneegene kann, deen ech mir erschaffe kann an deen et mir erlaabt, mat engem Basisequipement u Kompetenze immens vill Spaass op der Bün ze hunn, deenen anere Freed ze schenken an e méi zefriddene Mënsch ze ginn.


Perséinlech, artistesch a sozial Entwécklung


Perséinlech Entwécklung


De Schüler léiert sech an dësem Léierprozess besser, nei, anescht kennen. E stéisst un seng Limitten, muss sech domat auserneesetzen a probéieren, dës ze iwwerschreiden oder och verschiddener net ze iwwerschreiden – an och dann huet hien eppes Neies iwwert sech geléiert. Vläicht erlieft hien sech och als vill méi fräi a couragéiert, wéi hien et bis ewell an anere Léierkontexter erlieft huet.

Den Theater fuerdert dacks ganz verschidde Kompetenzen, an zwar gläichzäiteg. Kierper, Häerz a Geescht schaffen zesummen op der Bün a suerge fir en neit a ganzheetlecht Erliefnes.

De Schüler kritt d’Méiglechkeet, an engem nei definéierten a geschützte Kader, der Bün – emotional an engem neien, vläicht bis ewell onbekannten Zäit-Raum ze agéieren a sech a seng Ëmwelt emotional komplett anescht ze erliewen.

E Schüler, deen zum Beispill am Klassesall Angscht huet, fir haart ze liesen, ass vläicht genau dee Schüler, deen et mat Hëllef vun engem Schauspillfundament an den Drama-Tools fäerdegbréngt, deen Text, deen an der Klass gelies ginn ass, op der Bün op eng ganz originell Manéier ze presentéieren an all Mënsch zum Staunen a Laachen ze bréngen.

Dëst ass keng Ausnam a ka fir de Schüler eng Erfarung vu grousser Bedeitung si fir d’Suite vun sengem schouleschen a beruffleche Parcours. An och fir säi Liewen an all senge Facetten a Méiglechkeeten.

An deem Sënn ass Theaterpädagogik vill méi wéi just Theater an der Schoul a bréngt eng wichteg an déifgräifend Missioun mat sech.


Artistesch a kulturell Entwécklung


Ausgoend vum Schüler senger natierlecher Fäegkeet zur artistescher Kreatioun, déi am Abschnitt „Ugebuer“ beschriwwe gëtt, erlieft hien e Léierprozess, deen op verschiddene pädagogeschen Outile baséiert, gekoppelt un déi néideg Fäegkeet zur Analys, Observatioun a Reflexioun.

Allgemeng artistesch Konzepter, déi fir den Theater, mee awer och fir aner Konschtforme gëllen (Molerei, Musek …) sollen dem Schüler schlussendlech hëllefen, och iwwer de Wee vun den Tools, en Zougang zur Konscht ze fannen a selwer en aktiven Deel vum Konschtgeschéien ze ginn.


Sozial Entwécklung


D’Method vu Ma(k)edra baséiert op zwee ganz wichtegen a komplementäre Momenter. De Moment vum Spillen an de Moment vum Kucken. Dëse Kucken/Spille-Wiessel erméiglecht et dem Schüler, sech sozial an artistesch ze entwéckelen a wuelzefillen. An deenen zwee Fäll agéiert de Schüler am Grupp. Entweder dréckt hien sech an enger Roll op der Bün aus oder wärend enger Observatioun- a Reflexiounsronn als Deel vum Publikum.

Béid Momenter erlaben him, sech am richtegen Ëmfeld a mat dem néidegen Encadrement ze integréieren an integréiert ze sinn.


D’Magie vun der Bün: Wat ass eng Bün iwwerhaapt?


Alles kann iwwerall zu all Moment eng Bün sinn.

D’Bün existéiert net iwwer d’Material, mee villméi iwwer déi magesch Bedeitung, déi ech hir (an engem gewielte Raum) ginn.

De Schauspiller brauch also net emol en Theater, hie brauch just d’Iwwerzeegung vun dësem magesche Raum.De Schauspiller brauch keng konkret Theaterbün fir säi Spill, seng Bün ass all Raum, all Deel vun engem Raum, dee fir hien d’Magie vun enger Bün verkierpert. D’Iwwerzeegung, datt dat seng Bün ka sinn.

Et ass an deem Sënn scho wichteg, dëse Raum am Ufank vun all Theaterprojet bewosst als „Bün“ ze zelebréieren: de Klassesall, deen anescht opgestallt gëtt, en Eck am Turnsall, deen ofgetrennt ass, oder iergendeng aner Plaz.

Bün ass all Raum, dee begrenzt ass a bannent deem ech mech artistesch an dramatesch ausdrécke kann.

Dëse Raum, op eidel oder gefëllt mat Bünenelementer, Objeten an Accessoiren, wëll a muss respektéiert sinn.

Wou e Museker säin Instrument brauch, e Moler säi Bild, do brauch e Schauspiller ufanks just Kierper, Kapp an Häerz an de Schutz duerch dëse Raum. Wann ech un dëse Raum gleewen a mir soen, dëst ass déi schéinste Plaz vun der Welt, da ka mir an deem Raum nëmme Guddes geschéien.

Natierlech ass eng „richteg“ Theaterbün mat Beliichtung a Kostüm d’Zil. Mee och wann et keng «richteg» Bün ass, sou ass et méiglech, dëst als «espace scénique» ze respektéieren.


„Ugebuer“


Spaass a Freed sinn zu all Moment déi wichtegst Ziler vun dëser Theateroffer.

Wann d’Zil doranner besteet, Freed um Spill ze entwéckelen, sou ass et wichteg, e Kader ze ginn, bannent deem de Schüler sech wuelfillt. Et ass wichteg, ganz bewosst an intensiv un den Drama-Tools ze schaffen an dës och unzehuelen. Wichteg ass et awer och, Momenter ze erméiglechen, wou een dës kloer definéiert Ziler op der Säit léisst an einfach just „chaotesche“ Spaass huet.

Bewosst oder chaotesch: Et ass dës Mëschung, déi bei alle Konschtaktivitéite wichteg ass.

Allgemeng sollen also an dësem Léierprozess wichteg Momenter explizit als fräi vun all Jugement definéiert ginn. Et entsti Momenter, wou de Grupp sech léist vun all Form vu Kritik, an och Momenter, wou alles ënnert d’Lupp geholl a bis an de klengsten Detail analyséiert a beschwat gëtt. De Schüler soll sech un dëse Va-et-vient kënne gewinnen an sech a béide Momenter kënne wuelfillen.

D’Bün ass eng grouss Spillplaz, op där et, wat de kreative Prozess ugeet, heiansdo och emol keng Reegele gëtt. Alles ass a priori erlaabt, soulaang jiddwer Spiller respektéiert a (physesch a psychesch) geschützt ass.

Firwat dës sporadesch „feelerlos“ Spillplaz?

Theater oder theaterpädagogesch Schauspillkonscht gehéiert all Mënsch. All Mënsch ka spillen, wat an och wéi hie wëll. Et entsteet eng Aart Theaterlabo, wou an all Richtunge fräi experimentéiert gëtt.

Uerteel a Kritik sinn an dësem Theaterlabo oder an dëser Theaterlabo-Phas oder dësen Theaterlabo-Momenter (a sinn et och nëmme fënnef Minutten) net méiglech. Well mir dovun ausginn, datt alles, wat an deem Kader gespillt a gewise gëtt, vollkommen ass. Et gëtt keng Kompetenzen, déi erreecht musse ginn, an et gëtt kee Léierprozess, dee beobacht ka ginn, well alles, wat geschitt, ass duerch dëst Geschéien erfëllt.

Kee Léierzil ass cibléiert. D’Situatioun ass déi, déi se ass, net méi an och net manner.

Dem Spectateur bleift näischt anescht iwwereg, wéi dat, wat hie gesäit, ze akzeptéieren.

Wann de Schüler versteet, datt hien en natierleche Bestanddeel vun dësem Konschtprozess ass, dann identifizéiert hien sech och mat deem Beräich an hëlt de Wee vun den Drama-Tools spilleresch op. Hie gëtt en Deel vun deem Ganzen.

Firwat also dësen Theaterlabo?

Mir gi bei dëser Method dovun aus, datt de Schüler op der Bün, mat senger Perséinlechkeet, senger Erfarung an sengem Liewen deelweis an enger kreativer Immunitéit lieft. Hei huet keen d’Recht, sech dozou kritesch oder analytesch ze äusseren.

De Schüler léiert deemno net iwwert d’Wëssen, dat him friem war an dat hien elo uneneereit, mee duerch eng kanaliséiert a bewosst Asetzung vun dësem Potential, dat hien natierlech an ugebuer an sech dréit.

An deem Sënn soll de Schüler eng spilleresch, awer och responsabel Haltung entwéckelen an dësem Léierprozess, an deem säi Wiesen am Mëttelpunkt steet. E Léierwee, deen et him erméigleche kann, dëse Potential an enger artistesch accessibeler a fäerdeger Form ze deelen.

Deen eenzeg méigleche „Feeler“ op dësem Léierwee wär et, net op d’Bün ze goen an sengem Potential keng Sprooch, keng Beweegung an och keng Emotioun ze ginn.

Bün a Spillpartner mussen zu all Moment respektvoll behandelt ginn.


„YES!“


Theaterspille fänkt ëmmer an iwwerall u mat „Akzeptéieren“.

Wa mir dovun ausginn, datt mir op der Bün alles refuséieren oder acceptéieren, zu allem „Nee“ oder „Jo“ soe kënnen, dann encouragéiert dës Method de „Jo“ an alle méigleche Situatiounen an d’Akzeptéiere vun alle méiglechen dramatesche Proposen an Iddien.

D’Akzeptéieren an all Moment vun dësem Léierwee: D’Akzeptéiere vum Spillpartner, der Iddi, fir eng Improvisatioun unzefänken, der Roll, dem Theatertext, menger Angscht, menger Angscht virun der Angscht, menger Angscht virun der Tatsaach, datt ech op der Bün richteg gutt ka ginn a sinn („la peur de réussir“).

Ech léieren awer och akzeptéieren, datt ech mäi Publikum vläicht net zum Laache bréngen, dëst awer och net heescht, datt et déi Kéier drop nees net klappt. Ech léieren akzeptéieren, datt ech gekuckt ginn, datt ech kritiséiert oder gelueft ka ginn.

Mir soen ëmmer, datt et net einfach ass, seng Schwächten ze akzeptéieren.

Et erlieft een net seele Schüler op der Bün, deenen et schwéierfält, hir Qualitéiten ze akzeptéieren.

Et geet an dëser Method drëms, de Schüler ze motivéieren, seng Qualitéiten ze akzeptéieren an ze stäerken.

Hie muss och léieren ze akzeptéieren, fir e gewësse Moment net jugéiert ze ginn (Theaterlabo) an och sech selwer vun all Jugement fräi kënnen ze maachen.

An dach sollen d’Drama-Tools eng gewëssen „Uerdnung“ an dëse kreative Prozess bréngen. Si ginn dem Schüler an sengem artisteschen Ausdrock Unhaltspunkten a Repèren, soudatt déi ganz kreativ Kraaft ka kanaliséiert ginn.


Dräi Niveauen


D’Theaterfichë proposéieren Exercicer op dräi verschiddenen Niveauen, déi faarflech markéiert sinn: gréng (liicht), orange (mëttelschwéier), rout (méi schwéier).


Firwat déi verschidden Niveauen?


De Schüler evoluéiert zu all Moment a sengem eegene Rhythmus. Hie weess iwwert d’Drama-Tools an déi domat verbonne Feedbacke vun senge Matspiller an sengem Enseignant, wou hien drun ass. Hie weess awer och zu all Moment, wat säin Zil ass a wéi eng „Tools“ hien nach erreechen oder stäerke muss.

D’Assimilatioun vun den „Tools“ soll mëttel- a laangfristeg e Reflexverhalen ustriewen, wat et dem Schüler erlaabt, am Sënn vun artisteschen, literareschen a kulturellen Inhalter ze handelen.


Wéi eng Niveauen?


Gréng: De Schüler fänkt un, primär Drama-Tools ze entdecken. Hie fänkt also un, e Bewosstsinn ze entwéckele fir dat, wat hien op der Bün mécht. Dëst Bewosstsinn vun sengen Handlunge bedeit e fundamentalen a wesentleche Schrëtt. Iwwer dëse Wee léiert hien nämlech déi néideg physesch a mental Attitüd unzehuelen, déi et him erlaabt, déi éischt wichteg basic Drama-Tools unzehuelen. De Schüler léiert eng gewëssen „neutral“ Haltung unzehuelen (wéi dem Moler säi wäisst Blat), déi et méiglech mécht, eng dramatesch Roll an Handlung auszeféieren (mat Faarwen e Bild op dat wäisst Blat ze molen).

Orange: De Schüler erlieft Theater iwwer d’Theaterspiller. Hien traut sech no an no, seng Emotiounen ze spillen, andeems hien an dem Grupp spillt. D’Kraaft vun der Kollektivitéit initiéiert seng spéider individuell Entwécklung op der Bün. Dësen Niveau encouragéiert d’Selbstvertraue mat Hëllef vum Vertrauen an de Grupp. De Schüler ass en Deel vun engem Grupp, an deem hie geschützt a motivéiert gëtt.

Ab dësem Niveau entwéckelt sech och scho lues a lues e Wiessel tëschent Spill an Observatioun/Reflexioun. D’Spill ass awer nach vill zentréiert op dem Spaass vum Spiller an senge Matspiller. D’Bewosstsinn an och d’Responsabilitéit virum Publikum gëtt eréischt am Laf vun deem nächsten Niveau ugeschwat.

D’Responsabilitéit iwwerhuele fir de Publikum heescht ganz einfach, datt ech mir ëmmer méi bewosst ginn, datt mäi Schauspill primär doraus besteet, dem Publikum eppes virzedroen, wat fir hien interessant an amüsant ass. Ech sinn awer och enger gewëssener artistescher Ästhetik verflicht, déi ech schafe muss. Wéi en Danz, deen ech visuell schéin ausféiere wëll, muss och mäi Schauspill enger Ästhetik entspriechen. Theater ass an deem Sënn eng gefiltert, ästhetesch Realitéit.

An deem Sënn huet den Theater och eng „Dienstleister“-Missioun. Ech schafen eppes, fir et mengem Publikum an enger finaliséierter a presentabeler Form ze weisen. An dëst verlaangt an deem Sënn och Disziplin, Konzentratioun an Aarbecht.

De Schüler muss sech Méi ginn, schaffen, widderhuelen an den Usproch entwéckelen fir sengem Publikum e „fäerdegt Produkt“ ze liwweren.

Rout: De Schüler huet mëttlerweil eng ganz Rei un „Tools“ gesinn an och ugeholl. An dëser Phas geet et elo drëms, d’Appropriatioun vun den Drama-Tools ze erweideren an och ze festegen, fir iwwert dee Wee dem Schüler seng Theateridentitéit ze entwéckelen. De Schüler ass elo oft individuell gefuerdert. Hien entwéckelt säi ganz perséinleche Stil duerch d’Rivaliséiere mat senge Matspiller an engem „gesonde“ Konkurrenzdenken, dat et him erlaabt, seng Identitéit op der Bün ze formen an ze stäerken.

Hien entwéckelt säi Stil, andeems hien seng ganz perséinlech Aart a Weis, fir sech auszedrécken, mat den Drama-Tools verbënnt, deenen hien op de verschiddenen Niveaue begéint ass. D’Theaterfichë leeën deemno ëmmer méi Wäert op individuell Momenter am Grupp. Woubäi den Teamgeescht als Basis ëmmer bestoe bleift. De Schüler kritt och eng ëmmer méi staark Relatioun zu sengem Publikum.

Theateridentitéit: Wann de Schüler all oder e wichtegen Deel vun den Drama-Tools erlieft huet, déi dräi Niveauen duerchgemaach a parallel och nach un senger eegener Kreativitéit geschafft huet, da kann ee vun der Entwécklung vun enger eegener Theateridentitéit schwätzen.

De Schüler schafft elo un Theaterzeenen oder engem Theaterstéck a kann sech an deem Prozess zu all Moment op seng Drama-Tools verloossen. D’Proufzäite kënnen zu engem groussen Deel genotzt ginn, fir un Inhalter ze schaffen, an net méi esou staark u fundamentale Schauspilltools. De Schüler, dee mëttlerweil seng Theateridentitéit ugefaangen huet ze entwéckelen, kann sech ëmmer méi op Inhalter (Stéck, Roll, Emotiounen …) konzentréieren. De Schüler huet eng gestäerkten Theateridentitéit, déi et him erlaabt, „professionell“ un seng Roll erunzegoen. Spill, Observatioun a Reflexioun bilden dobäi eng ofwiesselnd an agreabel Schaffdynamik. De Schüler spillt ëmmer méi fir de Publikum. Am Géigesaz zum Theaterlabo handelt de Schüler ëmmer méi bewosst a „kontrolléiert“ op der Bün.

De Schüler huet Erfarunge gesammelt, déi et him erlaben, seng Theateridentitéit, déi op senger fräier a kreativer Perséinlechkeet op där enger Säit an dem Fundament vun den „Drama-Tools“ op där anerer Säit opbaut, weiderzeentwéckelen. Dem Schüler säin Handelen no dësen Drama-Tools geschitt mëttlerweil aus Reflex an hie kann sech ëmmer méi op verschidde Konschtformen aus dem Beräich „arts vivants“ aloossen.


Meng Theateridentitéit


D’Assimilatioun vun den Drama-Tools gëtt dem Schüler d’Méiglechkeet, sech an déi verschidde Sparte vum Beräich „performing arts“ ze investéieren.

De Schüler huet dës Theateridentitéit erreecht, wann hien se ganz bewosst vun senger privater Identitéit trenne kann.

Iwwer de Wee vun dëser Theateridentitéit kann de Schüler sech an engem „geschützte“ Kader den Erausfuerderunge stellen – an senger Roll op der Bün an och wärend den Observatiouns/Reflexiounsronnen.

Do wou seng privat Identitéit eventuell vulnerabel ass, do niert a beräichert sech seng Theateridentitéit.


Kucken a spillen


D’Observatioun kritt eng wichteg Bedeitung an dësem Léierprozess. Vill vun de Spiller berouen op dësem permanente Wiessel vu kucken/spillen.

De Schüler, dee beobachte kann an dës Beobachtunge gutt a pertinent formuléiere kann, erlaabt et deem anere Schüler, weiderzekommen, gëtt awer och selwer eppes iwwert säin eegene Léierwee gewuer.

De Schüler léiert lues a lues genau wéi d’Spillen op der Bün och d’Beobachte vun der Bün.

D’Iwwerleeunge beschreiwen d’Qualitéit vum Spill an de kreativen an artisteschen Input vum Schauspiller op der Bün. Déi aktiv Beobachtung fërdert hirersäits och d’Fäegkeet zur Reflexioun.

De Schüler gëtt gefuerdert, e permanente Perspektivewiessel ze ënnerhuelen. Lues a lues gewinnt hien sech un dës Approche a kann ëmmer méi liicht an natierlech déi verschidde Momenter vu Spill, Reflexioun a Metareflexioun matenee verbannen.


Spill, Reflexioun a Metareflexioun


De Schüler léiert eng geloossen a professionell Haltung ze kréie vis-à-vis vun der Kritik. Hien ass emotional lassgeléist vun der Kritik a kann dës als „gudde Rot“ unhuelen an sou an säi Léierprozess afléisse loossen.

Wat d’Theateridentitéit méi gefestegt ass, wat de Schüler all Kritik, Argument an Iwwerleeung méi als „Kaddo“ unhuele kann.

Wat net heescht, datt de Schüler alles unhuele muss. Et kann zu Diskussiounen oder Meenungsverschiddenheete kommen.

Eng Kritik unhuelen heescht probéieren ze verstoen, wat deen anere wëll soen (op Basis vun de Beobachtunge par rapport zu den Drama-Tools), säin Deel u Responsabilitéit par rapport dozou ze huelen, mat als eenzegem a gemeinsamem Zil, weiderzekommen.


Theaterkleedung


Firwat schwaarz?

Déi schwaarz Faarf soll dem Schüler visuell déi néideg Neutralitéit ginn. Duerfir sollen och keng Motiver op der Kleedung sinn. Faarweg Kleedung mat ville Motiver géif vum Message, deen de Schauspiller op der Bün vermëttele wëll, oflenken an och d’Kraaft vun senger dramatescher Handlung schwächen.

Dës visuell Neutralitéit soll dem Zuschauer säi Bléck an seng Konzentratioun op dat Wesentlecht lenken: d’Kierpersprooch, d’Emotioun, de Bléck, d’Gesiichtszich, d’Mimik asw.

Natierlech kommen am Kreatiounsprozess no an no Kostüm oder Kostümelementer bäi, mee et geet an dëser Iwwerleeung drëms, datt den Theaterpersonnage och ouni en Theaterkostüm visibel ass an eng Identitéit kritt.

De Kostüm ass sou ze soen d’Kiischt um Kuch.

De Kostüm verstäerkt deemno de Personnage, dee kierperlech an emotional schonn existéiert.

Zum Beispill kënne lues a lues bei dës schwaarz Basis aner Kostümelementer derbäikommen (Accessoirë wéi Hutt, Schwäert …).

Schlussendlech, a ganz wichteg, gëtt dës uniform schwaarz Kleedung och e Gruppegefill, wat fir den Theater ganz wichteg ass. D’Schüler sinn all gläich an hunn ee gemeinsamt Zil.


Publikumorientéiert


All Theateratelier, -cours oder -workshop soll als Zil iergendwann an op iergend eng Manéier en Optrëtt virun engem Publikum hunn. Den Optrëtt virun engem Publikum an dësem seng emotional Reaktiounen op dat, wat gewise gëtt, stellen dem Theater seng wesentlech Missioun duer: Divertissement an „Entertainment“ vum Publikum.

Natierlech ginn iwwert den Theater eng ganz Rei u Kompetenzen ugestrieft (Teambuilding, Reflexiounsronnen asw.), déi net direkt e Publikum brauchen. Mee de Motor, d’Lokomotiv vun der ganzer Pädagogik, soll d’Preparatioun op e Spektakel mat Publikum sinn.

D’Konfrontatioun mam Publikum an déi domadder verbonnen Opreegung an Nervositéit spillen eng zentral Roll an Erausfuerderung an all Projet.

An deem Sënn ass och all Theateratelier e ganzheetleche Projet: Well no all Theateratelier een, wann och ganz klengen, Spektakel entstoe kann, dee virun engem Publikum, enger anerer Klass an Eltere gewise gëtt.

D’Gréisst an d’Komplexitéit vun dem Spektakel ass natierlech variabel. Ma och e bescheidene Projet ass e Wierk, dat aus villen Elementer besteet an eng gutt artistesch Qualitéit ustrieft.

All Etapp vum Projet ass gläich wichteg. An och de Spektakel ass en Deel vun deem Ganzen a stellt net wierklech eng lescht Etapp duer. Well am Optrëtt vu mengem Theaterstéck entdecken a maachen ech Neies mat, an dat wäert den nächsten Theaterprojet beaflossen.


Plan d’études 2011


Wann een de Plan d’études vun 2011 liest, da gëtt engem bewosst, wéi breet d’Ziler vun theaterpädagogesche Projeten opgestallt kënne sinn.

De Léierprozess, an deem de Schüler sech befënnt, ass oft komplex doduerch, datt a ville Situatioune verschidden, fächeriwwergräifend Kompetenzen zäitgläich mussen ugewannt kënne ginn.

Och viséieren dës Projete Kompetenzen, déi sech net op ee Léierfeld begrenzen, mee sech reegelrecht duerch den integrale Plan d’étude vun 2011 zéien.

De Schüler gëtt konfrontéiert mat Léiermomenter, an deenen hie kognitiv/intellektuell, motoresch/physesch, emotional/affektiv a sozial Fäegkeete kombinéiert an oft simultan asetze muss.

Duerch d’Komplexitéit op där enger an awer zugläich och dëse ganz natierlechen an authentesche Léiermoment op där anerer Säit profitéiert de Schüler vun enger laangzäiteger Verinnerlechung vun den ugestriefte Léierziler.