Op ma(k)edra wiesselen

Offerten mimamu/ma(k)edra


 


Record Day


De Record Day erméiglecht eng Opnam an engem professionellen Tounstudio.
mimamu/makedra encadréiert de Projet vu senger Kreatioun bis hin zum Record Day.
Zum Beispill: Lidd-Opnam, Text-Opnam, „Höhrspiel“-Opnam, …


Hëllefstellung a Begleedung


D’Hëllefstellung kann eng punktuell Offer sinn oder eng Begleedung iwwer een definéirten Zäitraum.
Jee no Demande kann dëst online sinn oder verbonne mat enger Visite an ärer Schoul; am Ufank, während oder um Schluss vun ärem Projet.

mimamu/makedra bidden eng praktesch Hëllef zu hire Materialen, wéi och Hëllef a Begleedung beim Ausschaffe vun ären eegenen Iddien.

Zum Beispill: Playbacks, Partitur, Liddertexter, Theaterstécker, Theaterzeenen, Impro,…
Hëllef beim Aussschaffe vun enger Kreatioun, déi op Theater an/oder Musek baséiert.
Dramatiséierung vun engem Lidd, Vertounung vun enger Geschicht, …