Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op makedra.lu



Den neien Internetsite makedra ass eng Initiativ vum SCRIPT.

Mir setzen eis a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung an der Schoullandschaft, an d’Fërderung vun Theater- an theaterpädagogesche Kompetenzen an Erliefnisser.

Op dëser Säit fannt dir vill flott Iddie ronderëm d‘Fërderung am Beräich vum Theater; sief et a Form vu Materialien oder och a Form vu Projeten, déi uechter d’Land lafen.

ma(k)edra – maach (k)een Drama


Wat ass makedra ?


Maach (k)een Drama ass eng Theateroffer déi fir d’Schülerinne an d’Schüler aus de verschiddene Cyclen, resp. hir Enseignant(ë)en, aus dem Fondamental geduecht ass. Dës Offer, déi ganz ënnerschiddlech genotzt ka ginn, baséiert ob enger ganzheetlecher theaterpädagogescher Iwwerleeung.

D’Zil besteet doran, ALL Schülerin a Schüler déi néideg Kompetenzen (drama tools) ze vermëttelen, fir Theater kënnen ze spillen, a fir sech selwer, an och dem Publikum, vill Freed ze maachen.

Theaterspille kann ee léiere wéi all aner Fach, mat der néideger Motivatioun, bësse Gedold an Disziplin, an virun allem dem grousse Wonsch fir Spaass ze hunn an dëse Spaass mat aneren ze deelen.

makedra schafft zesumme mam Projet mimamu, fir och am Beräich Musik an/am Theater eng flott Offer kënnen unzebidden.


Offere vu makedra


  • Iwwerleeunge vu makedra als pädagogesch Kontextualiséierung vum Material;
  • Ausgeschafften Theaterspiller an -übunge fir selwer auszeprobéieren (Theaterfichen);
  • Oplëschtung an Erklärungen zu den drama tools, déi sech als theaterpädagogesch Kompetenzen duerch d’Theaterfichen zéien;
  • Theaterofferte mat senge ganz ënnerschiddlechen Ziler. Offerten, déi och an Zesummenaarbecht mat mimamu realiséiert kënne ginn.
makedra bitt deemno och d’Méiglechkeet iech bei ärem Theaterprojet ze begleeden (an der Klass, cycle-iwwergräifend oder bei engem gréissere Theaterprojet).

makedra encouragéiert all Enseignante an Enseignant, déi de Gedanken hunn an hirer Klass Theater unzebidden, ma net direkt wësse wou an wéi ufänken. Awer och all Léierpersoun, déi an engem Projet engagéiert ass an Ënnerstëtzung brauch.


Wat ass makedra net?


makedra ass kee ganzheetlechen Theatercours fir d’Klass.

makedra ass keen integrale Programm, dee vun hanne bis vir soll duerchgeschafft ginn.

D’Equipe vu makedra ass net do fir reegelméisseg een Theatercours an d’Klass halen ze kommen, mä ënnerstëtzt den Enseignant mat fachlecher Kompetenz.


Fir ween ass makedra?


Fir all Léierpersounen (an anert schoulecht Personal) mat, a virun allem OUNI Theatervirkenntnisser.

Fir all Enseignant(ë)en, déi op der Sich no theaterpädagogëschem Material a flotten Iddie fir innovativ Projete sinn, oder awer gären op fachlechen Knowhow zréckgräife wëllen.


Wat bitt makedra ?


Op makedra fannt dir:
  • Theaterpädagogesch Fichë mat Spiller an Übungen; jee no Thema a Cycle (dës kënnen onofhängeg vun engem Projet benotzt ginn oder integréiert an ee geplangten Oflaf an der Kreatioun vun engem Theaterprojet);
  • Drama tools als theaterpädagogesch Kompetenzen;
  • Verschidden “Offerten”, déi vun eiser Equipe an ärer Schoul proposéiert a realiséiert kënne ginn.
  • e Formulaire fir mat der Equipe a Kontakt ze trieden an e gemeinsame Projet ze diskutéieren.

Equipe


Yann Ketter

coordinateur makedra

Gregory Melmer

makedra

Nathalie Moyen

mimamu & makedra