Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op mimamu.lu



Den Internetsite mimamu ass eng Initiativ vum Script, déi virdru vum Inecc (Institut Européen de Chant Choral) als „Musek an der Grondschoul“ initiéiert gouf.

Mimamu setzt sech a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung, an d’Fërderung vu musikalesche Kompetenzen an Erliefnisser an der Schoullandschaft.

Op dëser Säit fannt Dir vill flott Iddie ronderëm d’Musek; sief et a Form vu Materialien oder och a Form vu Projeten, déi uechtert d’Land lafen.

MimaMu - Mir maache Musek


Wat ass mimamu ?


Hei fannt dir villes a méi iwwer d’Welt vun der Musek:
  • ausgeschaffte Materialie fir selwer auszeprobéieren,
  • Hëllefstellungen an Iddie fir Aktivitéiten an de Klassen,
  • didaktescht Material fir rauszeprinten oder erofzelueden.
mimamu bitt och d’Méiglechkeet iech bei ärem Museksprojet ze begleeden (an der Klass, cycle-iwwergräifend oder bei engem gréissere Schoulprojet).

D’Konzept vu mimamu soll Méiglechkeeten a Chancë bidden, datt intresséiert Enseignanten alleng, oder an der direkter Zesummenaarbecht mat der mimamu-Equipe, innovativ Projeten an Aktivitéiten am Beräich vun der musikalescher Bildung ëmsetze kënnen.

mimamu riicht sech primär un d’Grondschoulen, woubäi awer och Maison relaisen an aner schoulesch Strukturen heivu profitéiere kënnen.


Wat ass mimamu net ?


mimamu ass kee ganzheetleche Musekscours fir d’Klass.
mimamu ass och keen integrale Programm, dee vun hanne bis vir soll duerchgeschafft ginn.
D’Equipe vu mimamu ass net do fir reegelméisseg e Musekscours an d’Klass halen ze kommen, mä ënnerstëtzt den Enseignant mat fachlecher Kompetenz.


Fir ween ass mimamu ?


Fir all Enseignanten (an anert schoulecht Personal), mat, a virun allem OUNI musikalesch Virkenntnisser.
Fir all Enseignanten, déi op der Sich sinn no neiem Museksmaterial, no flotten Iddie fir innovativ Projeten, oder awer gären op fachlechen Knowhow zréckgräife wëllen.


Wat bitt mimamu ?


Op mimamu.lu fannt dir:
  • Bekanntes an Onbekanntes, wéi z. B.: selwer ausgeschaffte a komponéiert Museksmaterial wéi Lidder, Léierlidder, Integratiounslidder, Rhythmik, Instrumentespill, Spiller/Beweegungspausen, Boomwhackermaterial, Bodypercussion…
  • didaktescht Material wéi z. B.: Playbacks, Videoen, Nouten, Partituren, Aarbechtsblieder,
  • e Forum fir den Austausch mat der MimaMu-Equipe, mä virun allem fir den Austausch ënnerteneen,
  • eng Sammlung vu Projeten uechtert d’Land, fir op déi ganz divers Aktivitéite vu mimamu hinzeweisen.
  • e Formulaire fir mat der mimamu-Equipe a Kontakt ze trieden an e gemeinsame Projet ze diskutéieren.

Wie mécht mimamu ?


Virun allem méchs Du mimamu!
Deel mat eis deng Iddien an däi Museksmaterial, a mir deelen et mat der interesséierte Schoulcommunautéit.
Doriwwer eraus ënnerstétze mir dech bei all denge musikaleschen Aktivitéiten an der Schoul.

Equipe


Bob Minette

coordinateur mimamu

Lynn Berchem

mimamu

Ben Konen

mimamu

Ilenia Zuccoli

mimamu

Nathalie Moyen

mimamu & makedra