Panewippchen - Lidder


«De Panewippchen» ass eng Zeitung vum ‘natur musée‘ fir Kanner mat Themen aus Natur an Ëmwelt a kënnt 4 mol am Joer eraus.

De panda-club.lu bitt vill flott Fräizäitaktivitéiten un (fir Kanner tëscht 6 an 10 Joer) an dréit zur Natur-an Ëmweltsensibiliséierung bäi. 
D’Kanner, déi Member am Panda-Club sinn, kréien de Panewipche geschéckt. 

Vill Enseignante sinn op de Panewippchen abonnéiert; jiddereen, deen interesséiert ass, kann dës Zeitung bestellen iwwert


An allen Ausgabe vum Panewippchen fannt dir  e flott Lidd zu engem vun den Themen.
All dës Lidder sinn nei komponéiert gi vun der Equipe mimamu (Mir maache Musek), eng Initiativ vum SCRIPT

mimamu.lu setzt sech a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung,
an d’Fërderung vu musikalesche Kompetenzen an Erliefnisser an der Schoullandschaft.