Hiphop
30.11.2023mam Nikki Ninja!
D'Virbereedunge laafen...
Déi läscht Deeg stounge bei mimamu ganz am Zeeche vum Hiphop! Déi Musek, déi bei Schülerinnen a Schüler eng enorm Popularitéit genéisst, soll och bei mimamu an Zukunft verstäerkt eng Plaz fannen an dofir hu mir eis mam Nikki Ninja (Nicole Bausch) eng reegelrecht Gréisst aus der Lëtzebuerger Rapzeen als Ënnerstëtzung an d’Boot geholl. An de vergaangenen Deeg hu mir mat him zesumme flott Videoe gedréint, déi an der Klass genotzt kënne ginn an déi vu sëllege Spiller, Aufgaben a weiderem Zousazmaterial ganz Museksstonnen erginn.
Vun der Offer „Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja“ profitéiere net just déi fënnef Klassen, déi eis betreffend Ateliere buche konnten, mee zukünfteg all Klass aus dem Cycle 3!
Hei fannt dir ee klengen Abléck vum Tournage