Zum Haaptinhalt sprangen

Be a HEARo - Pop Music Week 2024

01.03.2024

Melt iech elo un!



Concerten an Ateliere fir Klasse vum 20. bis de 24. Mai an der Rockhal!

Wat ass de Be a HEARo?

Déi edukativ Concerte vu Be a HEARo, déi vum Rocklab an Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert ginn, erfreeë sech all Joer enger grousser Beléiftheet. Am Concertssall Club gëtt de Schoulklassen vum C3.2-C4.2 vun enger Band op eng anschaulech an ënnerhalsam Art a Weis Rock- a Popmusek, souwéi vill spannend Hannergrondinformatiounen iwwer dës Genren méi no bruecht.

Ateliere fir Schoulklassen

Am Kader vun enger "Pop Music Week" gi Méindes, Mëttwochs a Freides zousätzlech zu de Concerten och nach verschidden Atelieren ronderëm d'Welt vun der Pop- a Rockmusek ugebueden.

Schoulklasse kënne sech also nieft dem Concert moies och nach fir dës Atelieren nomëttes umelden an esou e ganzen Dag an der Rockhal verbréngen!

D'Ateliere wäerten déi dräi Themeberäicher "Musek maachen", "Medien a Marketing", souwéi "Luucht- an Tountechnik" ofdecken. All Klass, déi sech fir d'Atelieren umelt, wäert deemno dräi verschidden Ateliere matmaachen, an esou déi dräi Themeberäicher kenneléieren.

De Concert geet um 9:30 Auer un an dauert ronn annerhallef Stonn
Den éischten Atelier start um 12:30 Auer an de Leschten hält um 14:35 Auer op.

Melt iech also elo séier entweeder fir e Concert oder de Concert mat den Atelieren un, fir nach eng vun de beléifte Plazen ze kréien




» Fotoen